“Baumwipfelpfad” Saarschléif (ausgebucht)
Date: 21/07/2018 07:30 - 21/07/2018 17:30
Information:

“Baumwipfelpfad” Saarschléif – Samschdes den 21. Juli 2018

Um Punkt 7:30 Auer treffe mir eis um Park & Ride Bäreldeng (hanner dem Mc Donald), fir mam Bus op Orscholz ze fueren. Um 9.00 Auer komme mir do un a besichen de “Baumwipfelpfad” mat engem Guide. Dëse Wee geet bis zu 23 Meter an d’ Héicht iwwert dem Bësch Buedem. An enger onberéierte Natur spazéieren ze goen an eenzegaarteg Perspektiven z’ erliewen, dat erméiglecht eis den “Baumwipfelpfad” vun der Saarschléif. Eng 1.250 Meter schlängelt sech dëse Barrière aarme Pad duerch Bichen, Eechen an Douglasdënnen a Richtung vun der Saarschléif. De Schwieregkeetsgrad ass einfach, maximal 6% Steigung.

Bei de Léier Statiounen krit dir d’ Liewen an d’ Liewensformen vum Bësch erkläert. Fir déi jéinesch déi méi Abenteuer Loscht hunn, sinn Erliefnes Statiounen laanscht de Wee.

Mir hunn dono nach e bësselchen Fräizäit zu Orscholz ze Verfügung. Um 11.00 Auer geet et weider op Mettlach. Hei bleift eis e och nach kuerz Zäit fir op eege Fauscht Mettlach ze besichen. Dono gi mir zesummen ze Mëttegiessen. Am Nomëtteg gi mir dann d’ “Keravision” vu Villeroy & Boch besichen. Géint 16:30 Auer fuere mir erëm a Richtung Lëtzebuerg, wou mir esou géint 17:30 Auer zu Bäreldeng ukommen.