Bericht vun der Generalversammlung vum 16.03.2018

Bericht vun der Generalversammlung vum 16.03.2018

De 16. Mäerz huet de Wander- an Nordic Walking Veräin “Walfer Deckelsmouken a.s.b.l.” hier dës jäerlech Generalversammlung am Centre Prince Henri zu Walfer ofgehalen. De President Carol Gloden konnt an senger Usproch de Mich Feidt, éischte Schäffen, d’ Jessica Thill an den Laurent Schank aus dem Gemengerot begréissen. Zousätzlech huet hien déi gutt 30 Memberen a Frënn vum Veräin ganz häerzlech Begréisst.

Nodeems hien dann och nach e puer Leit entschëllegt huet gouf hien der Sekretärin Maria Valenzano d’Wuert fir den Aktivitéitsbericht vum Joer ze maachen. Dëst huet Si mat hirem gewinntem Humor gemaach.

Dono huet Si och d’Projeten vun den Aktivitéiten fir dëst Joer virgestallt an Si ass och op d’Aktioun vun den FLMP Becheren agaangen, wou de Comité décidéiert huet jidder Member, wann en ee wëll, ze schenken. Dëst soll eis Memberen ureegen d’ Becheren op den IVV Wanderungen ze gebrauchen, anstatt déi Ëmwelt onfrëndlech Plastik Becheren. Lues a lues sollen déi op den IVV Wanderungen verschwannen.

De Keesebericht gouf vun der Trésorière Josette Gloden am Detail opgefouert. Si konnt vun enger gesonder Finanzsituatioun schwätzen. Déi zwee Keesserevisoren Nathalie Welbes an Jean-Paul Thinnes luewten déi gutt a präzis gefouert Comptabilitéit an hunn domat der Trésorière Décharge ginn. Allen Zwee sinn si och bereet fir dat neit Geschäftsjoer dës Charge weider ze maachen.

Déi versammelt Memberen hunn dono och dem Comité Décharge ginn fir seng Aktivitéiten am Laf vum vergaangene Joer.

De President erkläert dass de Betrag vun der Memberskaart säit 2002, der Aféierung vum Euro, net geännert gouf a Proposéiert dës weider op 8.- € ze loossen, inklusiv der Lizenz bei der FLMP. Déi Versammelt waren all mat dëser Propose averstanen.

Bei der fréier Aussprooch, huet den 1. Schäffen als Vertrieder vum Buergermeeschter d’ Wuert ergraff an a sengem Schlusswuert betount mir sollen esou weider maachen. Mat engem gemittlechen Patt goung d’Generalversammlung dunn op en Enn. 

CG