Goodbye Walfer Deckelsmouken a.s.b.l.

Goodbye Walfer Deckelsmouken a.s.b.l.

Léif Memberen, léif Frënn vun den Walfer Deckelsmouken, léif Visiteuren vun dëser Internet Säit.

Den 29.11.2019, huet d’ Ausseruerdentlech Generalversammlung vun den Memberen vum Veräin an hirer zweeter Sëtzung zu Walfer, dem Virschlag vum Comité fir de Veräin opzeléisen eestëmmeg zougesprach.

Säit 3 Joer war gewosst dass den aktuelle Comité, no méi wéi 20 Joer, seng wuelverdéngten Pensioun wéilt huelen. Leider hunn sech bannen deenen 3 Joren kéng nei Kandidaten fir en neie Comité fonnt esou dass eigentlech eng Opléisung vum Veräin onemgänglech war.

Den aktuelle Comité wäert bis zur definitiver Liquidatioun seng Aarbecht weider féieren an laut der Décisioun vun der Assemblée den Ofschloss Betrag vum Verméigen dem gudden Zwéck, esou wéi fest geluecht gouf, bis Enn Februar zouféieren.

Op dëser Plaz wëlle mir nach all eisen Memberen, Frënn, Supporteren, Sympatisanten an eise Sponsoren ganz vill Merci soen fir déi laang Ënnerstëtzung déi si eis entgéint bruecht hunn.

Et waren vill flott a schéin Momenter déi mir zesumme verbruecht hunn a mir wäerten se all sécher och a gudder Erënnerung halen.

Wéi seet en däitsche Sproch, “Es sind die Begegnungen mit Menschen, die das Leben lebenswert machen”.

De Comité