Visite guidée vun der Stad Lëtzebuerg mam Maria Valenzano

Visite guidée vun der Stad Lëtzebuerg mam Maria Valenzano

Léif Memberen,

Wéi an eiser Newsletter vum Abrëll ugekënnegt, invitéiere mir iech ganz häerzlech op eng guidéiert Visite vun der Stad Lëtzebuerg ënnert der Féierung vum Maria Valenzano.

Sonndes den 4. August 2019. Rendezvous ass um 10:00 Auer um Glacis beim Toiletten-Heischen vis-à-vis vum Theater.  

Umellen kënn dir iech bis en Dënschdeg den 23. Juli iwwer Mail, Telefon oder op eiser Internetsäit mat dësem Link: Activités 2019

Um Programm steet:

Mam Tram fuere mir bei Philharmonie, da geet et laanscht de Mudam bei d’ Dréi Eechelen wou mir de Musée kucke ginn. Dono fuere mir mam Funiculaire erof an de Pafendall, wou mir déi schéinste Plazen gesinn. Mam Lift fuere mir erop bei de Pescatore an da geet et an Alstad.

Mëtteg, maache mir an engem Restaurant an der Stad. D’ Iessen geet op är Fräien.

Nomëttes geet et weider duerch Cité Judiciaire an da mam Lift erof an de Gronn, dee mir besichen.

Géint 17:00 Auer si mir erëm um Glacis fir Heem.