Wanderung am Kader vum Camp de Jumelage vun der Walfer Gemeng den 21/07/2019

Wanderung am Kader vum Camp de Jumelage vun der Walfer Gemeng den 21/07/2019

Léif Memberen a Wanderfrënn,

Wéi mir et schonns an eiser Newsletter ugekënnegt haten, organiséiert d’ Walfer Gemeng am Kader vum Camp de Jumelage 2019 en Trëppeltour am Parc Housen.

Eng 30-40 Kanner vun 10-15 Joer aus de 4 Uertschaften Limana (I), Schmitzhausen (D), Longuyon (F) a Walfer sinn do zesummen fir 10 Deeg an der Natur ze verbréngen an zousätzlech eis schéint Land kennen ze léieren.

D’ Walfer Deckelsmouken sinn och am Comité vum Jumelage vertrueden a mir si frou dësen Tour mat organiséieren ze däerfen.

Dir sidd also alleguerten, häerzlech op dës geféiert Wanderung invitéiert, Sonndes den 21. Juli 2019. (Keen IVV-Stempel!)

Mëllt iech un bis den 30. Juni spéitstens, iwwer dëse Internet Link: Inscriptioun

Départ ass zu Housen am Parc um 10:00 Auer, beim Centre écologique et touristique.
Et sinn 15 Kilometer, mat em déi 350 Héichte Meter, also schonn e bësselchen méi schwiereg.

An der Mëttesstonn maache mir eng Paus zu Uewereesbech mat engem Picknick deen vun der Walfer Gemeng spendéiert gëtt.

Owes si mir all op e Grill Owend invitéiert deen am Besch an engem Pavillon ofgehale gëtt. Och dëst Iessen gëtt vun der Walfer Gemeng iwwerholl.